Jugendstage zu Moutfort

Zesummen matt "Goals an More" (International Soccercamps) huet den FC Moutfort vum 2. bis den 6. September e Fussballstage vir Kanner vun 6 bis 14 Joer organiséiert.
 
Bei herrlechem Wieder ass all Dag vun 10.00 bis 16.00 Auer um Terrain intensiv traineiert ginn.
 
Die ganz Woch sinn 37 Kanner vun qualifizéierten Traineren begleet ginn wéi zum Beispiel dem Klaus Arenz, fréiere Spiller an der Oberliga, Hubert Schmitz, Profi bei Fortuna Düsseldorf an Hertha BSC Berlin,  Dirk Lehmann, Profi bei Alemania Aachen, 1. FC Köln an Fulham an den Josef Zschau, Profi bei Alemania Aachen an Eupen.
 
Dee bekanntesten Trainer war awer wahrscheinlech den Wolfgang Kleff, deen vun 1970 bis 1977 5x däitsche Meeschter an 2x die däitsch Coupe matt Borussia Mönchengladbach gewonnen huet.
 
Donneschdes mëttes huet de Camp Besuch kritt vum Jeff Strasser.
 
De Jeff, aktuellen Trainer vun der Fola Esch, ass den letzebuerger Rekordnationalspiller an war e.a. Profi zu Kaiserslautern, Metz, Strasbourg, Zürich an Mönchengladbach.
De Jeff Strasser ass "Pate" vun "Goals and More".

 Klaus Arenz: Lenks 3. Reih / Hubert Schmitz 3. Reih riets niewend dem Klaus Arenz / Wolfgang Kleff: 1. Reih lénks

Jeff Strasser am schwarzen Tricot niewt dem Josef Zschau

 
Während dem Tournoi um leschten Dag huet den Roby Langers et séch nët huele gelooss vir op Moutfort kucken ze kommen.
 
De Roby Langers war wéi de Jeff Strasser Profifussballer an huet ënner aneren zu Metz, Marseille, Nice an vun 1980 bis 1982 zesummen mam Wolfgang Kleff zu Mönchengladbach gespillt.
 
De Roby ass ugangs September an d'Equipe vum Joerhonnert vum OGC Nice gewielt ginn.
 

Roby Langers: Lescht Reih an der Mëtt

Um leschten Dag sinn d'Elteren invitéiert ginn vir zesummen matt de Kanner an den Organisateuren ze grillen.

Mir soen der ganzer Equipe vun Goals and More e grousse Merci vir dee wonnerbaren Stage.

Die next Editioun ass och schon vir ugangs September 2014 geplangt. Weider Renseignementer ginn mir bekannt esoubal den Kalenner 2014 vu Goals and More eraus ass.